Skip to main content

STAFF STORIES

‚‚Ech schaffen einfach gären hei, well d’Stëmmung esou gutt ass. Et ass familiär, an net esou wéi an enger grousser Firma, wou een oft just eng Nummer ass.’‘

Zënter

2018

Schafft an der

Administration


‚‚Ech schaffen einfach gären un Autoen. Toyota a Mazda si gutt Marken, wou een einfach dru schaffe kann. Am Familljebetrib ass d’Verhältnis zu de Cheffen an zu de Mataarbechter immens gutt, an duerfir sinn ech schonn sou laang mat dobäi.‘‘

Zënter

2003

Schafft an der

Mécanique


Schon säit 2011 ass den Jorge bei eis am Team

Zënter

2011

Schafft am

Atelier


Luis, pourquoi tu travailles au Garage Deltgen?

"J’aime bien le travail et le patron est génial avec nous. J’habite à un kilomètre d’ici, donc c’est très pratique. Maintenant je suis aussi en train de faire un apprentissage pour devenir mécanicien."

Zënter

2014

Schafft an der

Mécanique


De Christian huet viru 16 Joer seng Léier bei eis ugefaangen, an huet säi Wee vum Mécanicien bis zum Responsable de magasin bei eis gemaach.

Zënter

2005

Responsable

Magasin


Den David huet mat 16 Joer seng Léier bei eis ugefaangen, a schafft elo scho säit 15 Joer bei eis am Garage.

Zënter

2006

Schafft am

Atelier


Paolo, firwat schaffs du am Garage Deltgen?

‚‚ ‚Ech sinn elo 16 Joer an der Automobilbranche am Verkaf täteg a schaffe säit 3 Joer beim Garage Deltgen. Zanter ech Deel vun der Ekipp sinn, hunn ech de Spaass um Beruff erëm fonnt, wat virdru laang net méi de Fall war.Et kann een oppen an transparent iwwer alles schwätzen, et fënnt een ëmmer eng Manéier eens ze ginn an et ass ee mënschleche Betrib bliwwen. Dat fënnt een net méi iwwerall.

D’Qualitéit vun eise Produiten an d’Präiss-Leeschtungs-Verhältnis wat mir ubidden ass och ee Punkt, dee mech weiderhin iwwerzeegt beim Garage Deltgen ze schaffen.
40 Joer wäert ech (leider) net méi mat maachen, hoffen awer datt mir nach flott Jore virun eis hunn.‘‘
Zënter

2018

Schafft an der

Vente


Säit 2017 empfänkt d'Tiffany Iech mat engem Laachen bei eis am Garage.

Zënter

2017

Fann der an der

Receptioun


Steve, firwat schaffs du am Garage Deltgen?

‚‚Ech kennen de Gilles scho säit klengem un, a mir sinn zesumme grouss ginn. Wéi hien deemools Personal gesicht huet, sinn ech vu menger aler Plaz heihi gewiesselt fir hien z’ënnerstëtzen.‘‘

Zënter

2016

Schafft an der

Administration


Mike, firwat schaffs du am Garage Deltgen?

‚‚De Virdeel ass, dass mir hei net nëmme Revisiounen ze maachen hunn, mee och vill Ëmbaute maachen. Wéi zum Beispill d’Fuerwierk wiesselen oder de Motor ëmbauen. Et ass ëmmer eppes Neies, an dat mécht mir vill Spaass.‘‘

Zënter

2018

Schafft am

Atelier