Skip to main content

ACTUALITÉS

Plant a TREE

www.rainforest.lu

SAVE THE PLANET -> PLANT a TREE

Mir kennen alleguer eppes klenges maachen. 
Fir nemmen 25 € kennt dir en Baam planzen loosen
https://www.rainforest.lu/spenden/ 

De Garage Deltgen ass op des Idee komm, duerch den Projet "Bike 4 Life".
Mat den Suen dei mir genereiert hun op desem Event hun "Mennien.lu" op verschidden Spillplaatzen en Baam geplanzt fir de Kanner Schied ze bidden.

En Baam planzen steht jo och op jidderengem senger "Bucketlist", also kennt dir mat engem Klick desen Punkt einfach an schnell oofhaaken, oder souguer e puer Beem planzen

Als Auto Garage stin mir jo net un eichter Stell fir de Klima Schutz mee trotzdem, och mir als Garage kennen eppes bewierken, och wann mir den CO2 vun eisen Autoen net doduerch kennen op NULL setzen.

Mir hun 2021 ugefaang fir all Nei verkaaften Auto, iwer Rainforest.lu en Baam ze planzen an mettlerwei schon eng klengen Besch ugeplanzt.

Mir hoffen mat desem Projet, Clients, Kollegen an och aner Betrieber, eist dest nozemaachen an da kennen mer zesummen seier vill Beem spenden.

Kukt Iech desen Projet un an informeiert Iech wat dir kennt maachen
https://www.rainforest.lu/
https://www.lagamba.at/


Merci fir aer Ennerstetzung

Garage Deltgen an Rainforest.lu